Member ginn
Jiddereen, kleng a grouss, dee bei eis well matmaachen ass wellkomm a gëtt Member an eisem Klub.
De Link zur Umellung fannt dir bei der jeeweileger Offer.
Wat bidde mir un
Boulder oder Klammcoursen sin no Altersgruppen gestaffelt. Des Coursen ginn trimestriell ugebueden a sin pro Trimester ze bezuelen. (September bis Dezember, Januar bis Abrell, Mai bis Juli) Den Tarif ass bei der jeeweileger Umellung affichéiert. D’Konditioun fir un de Coursen deelzehuelen ass dat dir och Member an eisem Klub gitt.
Escalade adulte (ab 17 Joer) Och wann dir scho Klammerfahrung hudd, muss dir duerfir ee Klammpass bei eis maachen, heescht eemol weisen dat dir eegestänneg klamme kennt. Wann dir nach keng Klammerfahrung hutt, da musst dir bei den Coursen matmaachen, bis den Trainer bestätegt, dat dir eegestänneg Klamme kennt. Memberen ënnert 18 Joer brauchen zousätzlech eng Autoristatioun vun hiren Elteren.
Et ass och méiglech eemol probéieren ze kommen. Dest natirlech am Kader vun der Nuit des sports oder op eiser Porte ouverte. Oder dir kontaktéiert eis a mir kucken dat eemol am laf vun der Saison ze erméiglechen.